Neie Benefiz CD vum Thierry Mersch

Enn Mäerz koum nom Soloalbum „New Visions“ (2012) dem Thierry Mersch säi mëttlerweil 6. Benefiz-CD raus, deen hee mat Schoulkanner aus dem Centre scolaire „Parc Housen“ opgeholl huet. „Kuck net einfach ewech“ gëtt zu Gonschte vun „Médecins sans frontières Lëtzebuerg“ verkaaft.

D’Musik ass vum Jimmy Martin (Lëtzebuerger Musiker a Produzent a Member vu Valicon, déi e.a. Silbermond, d‘Lena an d’Ivy Quainoo produzéieren) a Jörg Weisselberg (de Mann vun der däitscher Sängerin a Schauspillerin Jeanette Biedermann), den Text ass vum Thierry selwer, woubäi heen och d’Schoulkanner hei mat agebonnen huet. Mat „Kuck net einfach ewech“ ënnerstëtzen den Thierry an d’Schoulkanner een Hëllefsprojet vun MSF am Niger, dem äermste Land an Afrika. All Joer gëtt den Niger mat enger grousser Hongersnout konfrontéiert, wou ganz vill Kanner dobäi stierwen. Ziel vun MSF ass et, sou vill wéi méiglech ënnerernährt Kanner virum Hongerdout ze retten. 100€ ginn duer fir 6 grav ënnerernährt Kanner ze retten. Si kréien domat Antibiotiques fir géint Infektiounen ze kämpfen, intensiv Réalimentatioun während 20 Deeg, 4 Impfdosen géint Riedelen a 6 Impfdosen géint Tetanus, Diphtherie, Kinderlähmung, Keuchhusten an Haemophilus B. „Kuck nei einfach ewech“ kann een op www.thierry.lu fir 9€ (plus Porto a Verpakung) bestellen oder an all Cactus CD-Shop kafen.

Kuckt och Dir net einfach ewech an hëlleft de Kanner am Niger.

 



 

Zu Eechternach ass den CD ze kréien am Café St. Nicolas an der Haalergaass.

 

Oder direkt iwwer Paypal, kleckt dofier weg op buy now