Letzebuerger Velos-Initiativ

Et ass keen Schleck Fanclub an och keen Sportverein, deen fir Medaillen an Praisser kämpft. An wann, dann hechstens fir den Preis fir Nohaltegkeet. D'Letzebuerger Velosinitiativ an hiren Präsident Gust Muller setzen sech fir den Velo am Alldag an, fir den Velo als Transportmettel. Velosfueren an der Stad as net sou geféierlech wie et ausgeseit, seet den Gust Muller. Oppassen sollt een awer, dass een mam Velo net niewen engem Camioun oder Bus stoen bleift, well deen kann een am doudegen Wenkel liicht iwersin. Ansonsten well d'Velosinitiativ den Menschen den Spass um Velo rem vermetteln an setzt sech fir eng Stad mat manner Kaméidi, Loftverschmotzung an Verkéierschaos an. Och op politeschen Plang ass een aktiv, fir dass Velofuerer bei der Plangung vun Verkéiersinfrastruktur net vergiess gin.