mat allen 4 Parteien vun Iechternach
CSV - Yves Wengler
LSAP - Luc Birgen
Die Greng - Carole Zeimetz an Christophe Origer
DP - Carole Hartmann
Nei Quartieren goufen gebaut an gin gebaut. Mee kann een sech nach leeschten, zu Iechternach zu wunnen? Waat soen eis 4 Kandidaten Yves Wengler, Luc Birgen, Carole Hartmann an Christophe Origer dozou?
Den neien Shoppingprojet zu Iechternach: Utopie oder en groussen Worf. Wie stin CSV an LASP zu hirem Projet? Waat seet Oppositioun vun DP an Déi Greng?
Den Park ass an kengem sou schlechten Zoustand wie verschiddener soen, seet den Yves Wengler. Et fehlen just Blumen. Jidfereen ass sech eens, dass den Badesee en Plus ass. Och den Herr Origer war schon schwammen. Mee ass Iechternach touristenfrendlech an huet Gastronomie eng Zukunft?
Zu Iechternach gett seit 30 Joer iwer Parkplazmangel geklot, seet den Buergermeeschter Yves Wengler. Fir CSV ass eng Emgehungsstross Zukunftsmusek, mee et muss awer driwer nogeduecht gin. Carole Zeimetz vun "Déi Greng" ass der Meenung, dass eng Emgehungsstross nemmen nach méi Verkéier mat sech brengt, ausserdem hun mir Natura 2000 an Wasserschutzgebieter ronderem. DP well méi Solarenergie anplaz Gas. An Fless renaturéiren. Fir den Luc Birgen ass Natur wichteg. Waat Héichwasser ungeet, muss een mam Staat awer och mat Deitschland zesummenschaffen, well Sauer jo en Grenzfloss ass.
Iechternach huet keng Schwemm méi. Die Iechternacher Vereiner hun durch Corona an duerno durch Héichwasser vill Schued. Daat seet och Carole Hartmann. Eng nei Sportshal ass fir jidfereen Prioritéit an och die provisoresch Sportshal wär wichteg fir Vereiner. Mee ween well mat weem koaléiren no den Wahlen?